Eng éischt Äntwert aus engem Verlag

Dat muss ee sech emol virstellen: Wei ech an de Summerméint u mengem Uelzechtdallkrimi geschriwwen hunn, hunn e puer Leit, virun allem meng gutt Fra, Korrektur gelies. D’Kritik war ëmmer di selwecht: Et ass ze kuerz! “Beschreif méi, erziel kléng Geschichten niewebäi, net nëmme fir d’Säiten ze fëllen awer virun allem fir d’Geschicht méi lieweg ze maan” war ee Saz deen ech oft genuch héieren hunn. A well ech ee brave Jong sinn, hunn ech gefollegt. Dee Moment wou ech mam Buch fäerdeg war, hunn ech mech dohi gesat an erëm ganz vir ugefaang. Saz fir Saz a Kapitel fir sinn ech nach emol duerchgaang, ëmmer matt der Fro am Kapp: “Wat kéints du hei nach dobäi schreiwen?” Op eemol war mäi Kommissar net méi bestuet awer Jonggesell an hien huet sech fir d’Dammen intresséiert. Besonnesch fir eng. Esou hunn ech alt erëm e puer Säite gefëllt kritt. Wei ech dunn, ier ech de Krimi un dee eenzel Verlagshaiser geschéckt hunn nach eemol iwwerlies hunn, hunn ech festgestallt dass dat der ganzer Geschicht ë bëssi Pepp ginn hat. Meng Kritiker haten also Recht an ech war stolz dass mäi Krimi elo nach e bëssi méi lieweg war wéi virdrun.

Läscht Woch krut ech du vun engem Verlag eng Email wou si mir matdeelen dass si mäi Buch net géingen an hire Programm ophuelen. Grond: D’Geschicht ass ze laang!

An deem Sënn: Eng schéi Woch gewënscht!

This entry was posted in Uncategorized. Bookmark the permalink.

Leave a Reply