En neit Buch!

Fir Leit déi mäi Blog regelméisseg liesen ass et keng Neiegkeet. Ech si matt engem neie Buch amgaang. Mäin Éischt Buch “Die Tote ohne Augen” war mäin éischt Eruntaaschten un d’Liewen vun engem Auteur. Beim zweete Krimi “Das Christkind” ass et scho besser gaang. Mäin eenzegt Buch wat an engem Verlag erauskomm ass, nämlech “Erste Hilfe für Kinder – von Kindern” ass mäi Bestseller.

Ech sinn ee Mënsch deen net vill Gedold matt an d’Wéi geluecht kritt huet an esou wëll ech meng Bicher ëmmer esou séier wéi méiglech erausbréngen. Ech hunn awer geléiert dass et duerchaus Sënn mécht, d’Buch eréischt dann erauszebréngen, wann et perfekt ass. Dat ass ee vun mengen Haaptziler bei mengem neie Buch. Et däerf net erauskomme wann et net perfekt ass. An an engem Verlag. Well als “Seplfpublisher” ass et schwiereg z’iwwerliewen. Dréckt een 500 Bicher an et verkeeft een der 100, dann huet een der nach ëmmer 400 am Keller leien. Dat rechent sech net.

Ech wëll awer elo endlech mam Thema vu mengem neie Buch erausréckelen. Et handelt sech em den Dout. Jo, richteg, den Dout! Wat ass stierwen? Wat geschitt am Kierper wann ee stierft. Wei eng Gesetzer ginn et zu Lëtzebuerg?

Dee gréissten Deel wäert awer aus Gespréicher bestoen matt Leit déi eppes mam Dout ze dinn hunn wei zum Beispill:

– Engem Dokter deen um SAMU fiert: wéi einfach ass et fir hien eng Reanimatioun ofzebriechen?

– Engem Mann deen all Dag Mënschen um Stierfbett begleet

– Engem Member vum Groupe se support psychologique: Wei kritt hien et hin no trauregen Asätz erëm heem an d’Famill ze kommen?

– Mataarbechter vun der Fondatoun Kriibskrank Kanner: Wou huele si d’Kraaft hier esou eng schwéier Aarbecht ze maachen?

an nach vill aaner!

Alles wëll ech natierlech net verroden. Ech maache just ee kléngen Opruff: Solls du, vläicht selwer eng besonnesch Relatioun mam Dout hunn a wiers drun intresséiert och an d’Buch matt dran ze kommen, mell dech einfach per Mail: info@herrjeff.lu

Merci!

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Verschenk ee Buch fir Chrëschtdaag!

Ech schaffe grad intensiv u mengem neie Buch. Bis elo hunn ech ëmmer iwwer eppes geschriwwen wat ech entweder gutt kannt hunn wei mäin éischt hëllef Buch zum Beispill oder ech hu Krimien geschriwwen déi a menger Phantasie entstan sinn. Mäin neit Buch wäert eppes ganz anescht ginn. Ech schreiwen iwwer een Thema wat eis all betrëfft. Een Thema wat zwar an däitschen oder franséische Bicher wuel beschriwwe gëtt, op lëtzebuergesch gëtt et awer net vill zu deem Thema. Dowéinst muss ech mir Hëllef froen bei allerhand Fachleit. An do muss ech elo mol eppes driwwer soen: Quasi jiddereen deen ech gefrot hunn huet sech bereet erkläert mir matt sengem Wëssen oder sengen Erfahrungen zur Säit ze stoen. Et si wuel Leit aus mengem Bekanntekrees dobäi awer och ganz vill Friemer déi och ganz einfach “nee” hätte kënne soen. Ech fannen dat einfach nëmme fantastesch a freeë mech do driwwer dass et esou vill Leit ginn déi och ouni vill Bürokratie eng Hand matt upaken. Ech géing mengen dat hei wär mäi leschten Antrag a mäi Blog virun de Feierdeeg. Sollt nach een ee Kaddo brauchen fir Chrëschtdag, firwat net ee Buch verschenken? A firwat net eent vu mengen? Hei geet et bei de Shop! An als Merci fir jiddereen deen elo nach virun de Feierdeeg bestellt gëtt et de Porto geschenkt!

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Walfer Bicherdeeg

D’Walfer Bicherdeeg sinn ëmmer erëm intressant. Dëst Joer hat ech nach vill méi eng schlecht Plaz wei dat Joer virdrun. Ech hat mäi Stand an engem Mëttelgang. Do kommen schätzunsweis nëmmen hallef esou vill Leit laanscht wei bausse ronderëm. Ech erënnere mech mol eemol am Lycée, et misst op Paramedicale am Michel Lucius gewiescht sinn, geléiert ze hunn dass wann een an ee Supermarché erageet, een ëmmer den Drang huet no rechts ze goen. Dofir stinn am Supermarché oft di Saachen déi een absolut net brauch direkt rechts. Esou geet een trotzdem laanscht a wee weess, et keeft een och vläicht eppes. A genee aus deeër Ursaach hat ech gefrot fir dëst Joer däerfen mäi Stand iergendwou rechts vum Agang opzeriichten. Leider hat et net geklappt.

Ech hat awer besser Verkafszuelen wei d’Joer virdrun. Genee ee Buch war et méi wei bei der Editioun 2014. Mee ech hu vill Leit erëmgesinn. Leit déi ech schonn iergendwann a Couren hat, Léierpersonal bei deem ech mol mäi Buch an der Klass virgestallt hunn, Kollegen déi ech scho laang net méi gesinn hunn, Librairen déi mäi Buch an hirem Buttek hunn an esou weider.

Esou ee Maart steet a fält mam Noper vum Stand. Ass dat een ale Granzert, esou wei d’läscht Joer, ass d’Stëmmung allgemeng schlecht. Dëst Joer hat ech extrem Chance! Rechts nieft mir soutz eng Damm déi ganz einfach guer näischt gesot huet. Rechts nieft mir awer hat een eeleren Här säi Stand opgebaut. Hien hat seng zwee Enkelkanner dobäi déi him gehollef hunn. Direkt wei ech do war si mir an d’Gespréich komm. A ganz séier si mir um Thema Protection Civile gewiescht. Hien huet mir erzielt dass hien Garagiste war an deemools d’Opel Ambulanze geliwwert huet. Méi wei eemol huet hien Schrottautoen ob Schëmpech geliwwert fir Übungen an hien huet mir vun deeër schéiner aler Zäit do uewen erzielt. Wou de Josy nach Econome war an den Här Jung nach Direkter. De Leon Jung war iwwregens säi beschte Frënd an hien huet mir erzielt wat “de Léo” fir ee fantastesche Mënsch war. Mee dat wosst ech jo schonn well jiddereen dat iwwer hien seet.  Schonn alleng wéinst deem Mann waren d’Walfer Bicherdeeg fir mech ee vollen Erfolleg! Wann ee vun Iech iwwregens nach ee flotte Kaddo sicht oder fir sech selwer ee flott Buch kann ech mengem Noper säint nëmme recommandéieren: Time of love vum Eugène Reiter. Ee Buch matt ganz villen Deierefotoen.

Merci also dem Eugène Reiter fir dee flotte Weekend an di schéin Spiichten aus der gudder aler Zäit!

Nächst Joer wäert ech erëm op de Bicherdeeg sinn. Hoffentlech matt mindestens 2 neie Bicher: Mengem neie Krimi deen heescht: “Uelzechtdallkrimi” a mengem neie Buch wou ech d’Thema nach ëmmer net verroden!

IMG_3557

Posted in Uncategorized | Leave a comment

De Copyright

Ech hat mech mol virun enger Zäitchen matt enger Responsabel vun enger Maison Relais an den Hoer. Si huet mir dach tatsächlech riicht an d’Gesiicht gesot dass si géing eent vu mengen Éischt Hëllef Bicher kafen an dann de Kanner Kopien maachen. Ech hunn hier erkläert dass et verbuede wär fir einfach esou Kopien aus engem Buch ze maachen. Du sot si: “Dann huelen ech ebe keent!” Domatt war d’Saach fir mech erleedegt. Ech sinn elo viru kuerzem an eng Schoulklass invitéiert ginn fir genee dat Éischt Hëllef Buch virzestellen. Ech muss soen dass d’Joffer sech schonn am Virfeld ganz gutt preparéiert hat, d’Kanner scho vill wossten an och schonn deelweis Éischt Hëllef konnten. All Kand hat ee Classeur op der Bänk leien matt Kopien. Faarwege Kopien. Vu mengem Buch. Ech hunn näischt gesot. Mee ech hu mol nogerechent: Eng faarweg Kopie kascht em di 40 Cent am Kopieshop. Wann ech elo dovun ausginn dass d’Schoul selwer eng faarweg Kopiesmaschinn huet sinn d’Onkäschten liicht méi niddereg. Komm mir soen 20 Cent pro Kopie. Da kascht et also bei 70 Säiten 14 Euro fir ee Buch ze kopéieren. De reguläre Präis ass 13.50 Euro et kascht also 50 Cent pro Kand méi wann een d’Buch kopéiert wei wann een et keeft. Dobäi ginn dem Verlag ee ganze Batz Geld an dem Auteur ganz ë bëssi Geld verluer. Net nëmmen dass een illegal ass wann een ee Buch kopéiert, et ass ganz einfach och nach méi deier!

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Eng éischt Äntwert aus engem Verlag

Dat muss ee sech emol virstellen: Wei ech an de Summerméint u mengem Uelzechtdallkrimi geschriwwen hunn, hunn e puer Leit, virun allem meng gutt Fra, Korrektur gelies. D’Kritik war ëmmer di selwecht: Et ass ze kuerz! “Beschreif méi, erziel kléng Geschichten niewebäi, net nëmme fir d’Säiten ze fëllen awer virun allem fir d’Geschicht méi lieweg ze maan” war ee Saz deen ech oft genuch héieren hunn. A well ech ee brave Jong sinn, hunn ech gefollegt. Dee Moment wou ech mam Buch fäerdeg war, hunn ech mech dohi gesat an erëm ganz vir ugefaang. Saz fir Saz a Kapitel fir sinn ech nach emol duerchgaang, ëmmer matt der Fro am Kapp: “Wat kéints du hei nach dobäi schreiwen?” Op eemol war mäi Kommissar net méi bestuet awer Jonggesell an hien huet sech fir d’Dammen intresséiert. Besonnesch fir eng. Esou hunn ech alt erëm e puer Säite gefëllt kritt. Wei ech dunn, ier ech de Krimi un dee eenzel Verlagshaiser geschéckt hunn nach eemol iwwerlies hunn, hunn ech festgestallt dass dat der ganzer Geschicht ë bëssi Pepp ginn hat. Meng Kritiker haten also Recht an ech war stolz dass mäi Krimi elo nach e bëssi méi lieweg war wéi virdrun.

Läscht Woch krut ech du vun engem Verlag eng Email wou si mir matdeelen dass si mäi Buch net géingen an hire Programm ophuelen. Grond: D’Geschicht ass ze laang!

An deem Sënn: Eng schéi Woch gewënscht!

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Mäi Blog

Wei ech mat dësem Blog ugefaang hunn, hunn ech gemengt ech géing en op däitsch schreiwen. Zu deem Zäitpunkt hat ech just meng zwee éischt Bicher bei Amazon eropgelueden an hu geduecht den däitsche Marché am Stuerm ze eroberen. A wa meng dausende Lieser da géingen op mäi Blog kucke kommen, misst e jo bal op däitsch sinn.
Ma Quetschen och!
Et waren tatsächlech dausenden Downloads op Amazon do. Sollt ee vun deenen Hären oder Dammen vum Steieramt hei mattliesen muss ech iech enttäuschen. Di dausenden Downloads waren all am Kader vu gratis Aktiounen. Dat eenzegt wat déi Downloads mir bruecht hunn, si Rezensiounen. An zwar negativer. Ech hu mech e bëssi informéiert a Foren an och soss um Internet. Et gëtt tatsächlech Leit déi sech ee Buch gratis eroflueden just mam Ziel et negativ ze rezenséieren. Sënn an Zweck ass et verschidden aner Auteuren oder esou guer sech selwer ze pushen. Traureg esou eppes.
Dowéinst hunn ech mech elo dozou entscheed just nach lëtzebuergesch Bicher ze schreiwen an och mäi Blog op lëtzebuergesch ze schreiwen. Als klénge Merci u meng Lieser déi ech jo zu Lëtzebuerg tatsächlech hunn.
An dann hei nach eng Neiegkeet. Och meng léif Protagonistin Maria Ferreira wäert ënner der Entscheedung keng Krimien méi fir den däitsche Maart ze schreiwen leiden. Et wäert, bis op weideres, kee “Maria Ferreiras dritter Fall” ginn. Dofir hunn ech awer eng ganz nei Geschicht op lëtzebuergesch geschriwwen. Et geet erëm em ee Mord. An zwar am Uelzechtdall. “De Kommissär Jacques Majerus ermëttelt”
Lo muss ech, ier ech iwwer de Jacques Majerus weider schreiwen awer eng kléng Klammer opmaan: Ech sinn esou enttäuscht dass een als sougenannten “Indie-Auteur” nimools d’Chance huet an d’Bestsellerlëschten ze kommen. Well fir dohin ze kommen brauch een ee Verlag. Déi Leit wou dee “Concours” organiséieren soen zwar dat wär net wouer, well wann een an enger Librairie géing genuch verkafen wär et awer méiglech matzemaachen, mee et verkeeft een net genuch an enger Librairie. Et kritt een ni d’Chance dozou. Dowéinst hunn ech da lo probéiert de Jacques Majerus iwwer ee Verlag erauszebréngen. Bis ech do eng Äntwert kréien wäert nach e bëssi Zäit vergoen. Also Gedold!
Egal wei wäert de Jacques awer nächst Joer op de Marché kommen.
De Moment schaffen ech ganz intensiv un engem anere Projet. Well deen awer nach an de Kannerschong stécht wäert ech mech schwéier hidden hei ewell eppes do driwwer ze soen. Just esou vill: Et ass keng erfonnte Geschicht awer et geet em ee ganz eescht Thema wat eis all eppes ugeet. No an no wäert ech iech hei op d’Spuer bréngen. Bis dohin: Gedold, Gedold! Well matt Gedold gëtt aus Gras Mëllech!

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Walfer Bicherdeeg

13000 Besucher, schätzungsweise, haben die “Walfer Bicherdeeg” besucht. Ein grosses Publikum! In mehreren Hallen wurden tausende Bücher ausgestellt. Neuerscheinungen wurden von den grossen Verlagshäusern präsentiert, Autoren gefördert. Zwei Dinge haben mich irritiert:

1. Warum schiessen unbekannte Autoren wie Pilze aus dem Boden und werden so unwahrscheinlich viel von Verlagshäusern unterstützt, andere überhaupt nicht?

Ich habe in den beiden letzten Jahren gelernt, was es kostet ein Buch zu veröffentlichen. Ich verstehe dass Verlagshäuser nicht jeden kleinen Autor unter Vertrag nehmen können. Aber mir geht es einfach nicht in den Kopf warum Verlagshäuser tausende Bücher drucken, um sie in allen Buchhandlungen Luxemburg massenweise auszustellen, und schon beim Druck wissen dass sie auf sehr vielen Exemplaren sitzen bleiben werden. Warum werden nicht einige Exemplare weniger gedruckt und im Gegenzug ein paar Autoren mehr unter Vertrag genommen?

2. Wie machen die anderen Selbstverleger es?

Nicht weit von meinem Stand hatte eine junge französische Autorin mindestens 15 verschiedene Titel ausgestellt. Im Eigenverlag. Während den 2 Tagen hat sie kein einziges Buch verkauft. Ihre Laune schien dadurch nicht schlechter zu werden. Sie flanierte von Stand zu Stand und hielt mit den Austellern ein Schwätzchen. Bei 15 Büchern muss sie eine ungeheuere Summe in Lektorat, Korrektorat, Layout und Druck gesteckt haben. Ich hätte sie ja nach ihrer Strategie fragen können. Da sie mir aber sehr kontaktfreudig rüberkam, ich ja aber bekanntlicherweise ein scheuer Mensch bin habe ich mich nicht getraut. Schade!

Für mich waren die beiden Tage keineswegs erfolgslos. Ich habe neue Kontakte geknüpft und auch ein paar Bücher verkauft. Nächstes Jahr werde ich sicherlich wieder dabei sein. Aber sicher wieder mit “nur” 4 Büchern. Nächste Projekte schwirren mir zwar schon im Kopf herum, erste Zeilen habe ich schon zu Papier gebracht, ich werde mich jedoch dieses Mal in Geduld üben. Denn wie sagte schon der Bauer: “Mit Geduld wird aus Gras Milch”

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Test

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Wir haben ihr Buch verloren

Manchmal gibt es Dinge, die kann man eigentlich gar nicht glauben. Wie bei meiner Arbeit. Leider darf ich hier nicht aus dem Nähkästchen plaudern. Aber ich höre dort tagtäglich Dinge, die mich aus dem Stuhl hauen. Vor lachen. Und heute hat man mir einen solchen Satz gesagt, den ich fast nicht zu glauben wage. Ich habe in der Druckerei angerufen und nachgefragt wann mein neues Buch denn geliefert werden könne. Die sehr freundliche Dame hat mir am Telefon aber leider mitgeteilt: “Es tut mir sehr leid, wir haben ihr Buch verloren!” Wie kann man ein Buch (also nicht ein Buch, sondern 500 Bücher) mit harten Deckeln, das man gedruckt, gebunden und verpackt hat verlieren? Ich werde es wohl erst am Montag erfahren, bis jetzt (Freitag Abend um 23.30) wurde das Buch jedenfalls noch nicht wiedergefunden.

Posted in Uncategorized | Leave a comment

Die lieben Rezensionen

Seit etwa 2 Wochen ist die komplett lektorierte und korrigierte Version von “Die Tote ohne Augen” auf Amazon erhältlich. Ja, zwischen lektorieren und korrigieren gibt es einen Unterschied, ich habe es auch nicht gewusst. So ein Korrektorat kostet Geld. Und nicht wenig. Und das Lektorat auch. Und zwar auch nicht wenig. Wenn man jetzt endlich, mit neu gestaltetem Cover und perfektem Text online ist, freut man sich zuerst. Die Freude lässt aber nach ein paar Tagen nach, da die Downloadzahl gerade mal 1 Exemplar beträgt. Dann entschliesst man sich, eine kostenlose Werbeaktion zu starten bei der das Buch 5 Tage lang gratis zur Verfügung steht. Und dann: über 4000 Downloads in 5 Tagen. Wow! Ist die kostenlose Werbeaktion beendet, hat man etwa 2-3 Downloads pro Tag. Das ist ok! Jetzt komme ich aber auf den Punkt: Und ich hatte mich schon einmal darüber aufgeregt! Es gibt tatsächlich Menschen, die sich einen Spaass daraus machen, neue Bücher von unbekannten Autoren, negativ zu bewerten. Sie geben sogar zu, dass sie das Buch nur genommen haben, da es gratis war. Und dann geht’s los! “Rezension unter der Gürtellinie” Amazon reagiert nicht darauf und nimmt, auch nach mehrmaligem auffordern, die Rezension nicht zurück. Das Resultat: Sieht jemand sich mein Buch an, liest er eventuell die Rezension und kauft das Buch nicht. Logische Konsequenz: Das Buch fällt im Verkaufsrang. Logische Konsequenz davon: Es wird von weniger Menschen gesehen und natürlich auch weniger verkauft. Es wird also mit der Zeit unmöglich, allein die Kosten die Lektorat und Korrektorat aufgekommen sind zu decken.

Posted in Uncategorized | Leave a comment