Shop

Gedichter a Geschichte fir déi Kleng

20.00

No ongeféier 3 Joer Aarbecht sinn ech frou endlech mäin 3 Buch realiséiert ze hunn. Et handelt sech ëm een Buch fir déi ganz Kleng mat 10 klenge Geschichten, déi a gedichtform geschriwwe sinn. D’Buch huet haart Deckelen, ass faarweg illustréiert an ass also extra robust fir déi kleng Fanger. De Präis läit bei 20€. Bestellungen sinn hei méiglech.

Stierwen zu Lëtzebuerg

28.00

Stierwen an Doud sinn Tabuthemen. Di meescht Leit setzen sech nëmmen domat auserneen, wann si aus iergendengem Grond selwer betraff sinn. Ee Kolleg stierft oder ee vun der Famill. An dann denkt een op eemol driwwer no. Dëst Buch bitt d’Méiglechkeet sech schon éischter mat deem Thema ze beschäftegen. Et ass awer ee Buch, wat den Dout net nëmmen negativ gesäit. Dofir ass et e faarwegt Buch. Matt ville Fotoen déi weisen, dass den Dout net nëmme schwaarz ass. Sech mam Thema ausernee setzen, hëlleft also schonn am Virfeld den Doud vun engem léiwe Mënsch besser ze verschaffen​.

Entdeckt hei mäin neit Buch!

Lilli

Lilli
13.00
Dem Lilli säi gréisste Wonsch war et, datt hatt eemol d’Leit esou géing erféieren, dass si hiert Liewe laang géinge Gespenster fäerten.