All Froen & Äntferten

Dir kennt eis gären kontakteieren fir weider Froen ze stellen.

Kann een den 1 Hëllef-Cours och online maachen?

Et geet an engem 1-Hëllef Cours drëm ze léieren wat ee soll maachen wann eppes geschitt ass. Ee ganz groussen Deel besteet also aus prakteschen Exercicer. Herrjeff.lu bitt awer och d’Méiglechkeet di éischt 4 Stonnen (vum 16 Stonne Cours) online ze maachen an de Rescht dann en présentiel.

Ech hat selwer een Akzident oder war eemol derbäi wéi eppes Schlëmmes geschitt ass. Ech hunn Angscht elo an den 1.Hëllef-Cours ze kommen. Wat maachen?

So dengem Formateur am Virfeld Bescheed. Entweder per Mail, Telefon oder einfach ier de Cours lassgeet. Mir fannen zesummen eng Léisung dass och du eng flott a léierräich Formatioun kriss.

Ech ka kee Blutt gesinn. Däerf ech awer un der Formatioun deelhuelen?

Natierlech. So just dengem Formateur Bescheed ier de Cours lassgeet!

Wei laang ass een 1-Hëllef-Cours gülteg?

Den offiziellen 1-Hëllef-Diplom ass 5 Joer gülteg

Muss ech eppes an de Cours matbréngen?

Ausser Loscht eppes ze léieren brauch een näischt mat ze bréngen. Eppes klénges fir ze schneeken an ze drénken ass natierlech net vu Muttwëll! 

Get et een offiziellen Zertifikat fir all Couren?

Bei all Cours kann ee Certificat de particpation ausgestallt gin. Beim 1-Hëllef-Cours vu 16 Stonnen gëtt et een offiziellen Diplom an 1 Hëllef.

Herrjeff.lu huet dofir een Agrément vum Ministère de l’Intérieur.

Wou fannen d'Coure statt?

Am Prinzip ass d’Formatioun bei Iech. (Betrib, Schoul, Maison Relais asw) Wann Dir awer kee Sall hutt kann herrjeff.lu ee Sall reservéieren. An deem Fall ass et och méiglech Verfleegung (Kaffi, Croissant, Mëttegiessen, Snack, Gedrénks asw) mat ze buchen.

All rights reserved to Jeff Herr  © website developed by MTC SA.