Är mental Gesondheet zielt och. Leiert eischt Hellef fir psychesch Noutfäll. | Nei : 1 Hellef fir psychesch Gesondheet Informatiounen
4,139 Besicher
Ab 16 Joer
Fir mat ze maachen muss ee mindestens 12 Joer hunn. Et fënnt eng “Evaluation continue” statt.
Erwuessener
Am Kannernoutfall- Cours geet et besonnesch em d’Kanner. Fir Schoulen a Maison Relais bidde mir eng 4 Stonne-Formatioun un.
Kanner & Jugendlecher
Kanner kënne ganz gutt hëllefen wann eppes geschitt ass. Et gëtt just eng Konditioun an déi ass dass een hinne seet wat si solle maachen.
Formatioun fir all Alter méiglech
Du bass ee Sportsveräin, Schéissclub, Wanderclub, Dokteschpraxis oder soss iergend ee Grupp vu Leit déi wëlle wëssen wat si solle maachen wann eppes geschitt ass?
Erwuessener an Jugendlecher
Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet ass den Equivalent zu de klasseschen Éischt-Hëllef-Coursë fir medezinesch Noutfäll.
Erwuessener a Jugendlecher
Gëeegent fir Erwuessener am professionellen a privaten Alldag fir Jugendlecher z’ënnerstëtzen.
Gemengepersonal
All Moment kann een Noutfall geschéien. An dat natierlech och op eise Gemengen. Sief et um Bureau de la Populatioun oder op engem Chantier vun de Gemengenaarbechter. Mir bidden Iech hei eng Formatioun vu 4 Stonnen un. Dës Formatioun ass virun allem praktesch a kann also och zum Beispill am Gemengenatelier ofgehale ginn
No results available
ResetNatierlech. So just dengem Formateur Bescheed ier de Cours lassgeet!
Den offiziellen 1-Hëllef-Diplom ass 5 Joer gülteg
Ausser Loscht eppes ze léieren brauch een näischt mat ze bréngen. Eppes klénges fir ze schneeken an ze drénken ass natierlech net vu Muttwëll!
No results available
ResetGewann Anblécker an den Oflaf vun mengen Couren.
No results available
Reset30+
30+ Joer Berufserfahrung
Papp
Papp fun 4 Kanner
Fondateur
Fondateur fun der Wonschkutsch Asbl
1992 ass d’Aventure lass gaangen. Ech sinn zu Lëntgen an d’Pompjeeën gaangen. Nom 1 Hëllef Cours (deen ech beim beschten Instrukter, dem Norbert Horper gemaach hunn) sinn ech iwwer 5000 Asätz op der Ambulanz gefuer. Ech hat d’Chance och als 3 Mann um SAMU Esch mat ze fueren an ech hunn och däerfen um Rettungshelikopter matfléien. Vill Asätz sinn ech och als Member vun dem lëtzebuerger Roude Kräiz bei de Beruffspompjeeën um “klénge Won” gefuer. Wärend 15 Joer war ech Disponent op der Noutruffzentral dem 112. Ech hale säit 1996 1 Hëllef-Couren a sinn elo säit 7 Joer beruffleche Formateur an 1 Hëllef. Ech hunn Erfarung an der Ausbildung vun Erwuessenen, Jugendlechen, Kanner an och mat Mënschen mat enger Behënnerung. Ech si bestuet, hu 4 Kanner a sinn 1te Schäffen vun der Gemeng Lëntgen. Des Weideren sinn ech Präsident vun der Wonschkutsch asbl. Merci dass du meng Säit besichs!
Reagéier elo, buch een Éischt Hëllef Kurs fir dech an däin Ëmfeld.
All rights reserved to Jeff Herr © website developed by MTC SA.