De Spezialist fir Éischt Hëllef.

Reagéier ob Noutfäll wéi een Pro. No dësem Cours gehéiers du zu Deenen, déi wëssen wei een schwéier Situatiounen meeschtert.

2,803 Besicher 

Zum Onlineshop

Éischt Hëllef Couren fir Grouss & Kleng

image0-3.jpeg

Ab 16 Joer

1 Hëllef Cours mat offiziellem Diplom

Fir mat ze maachen muss ee mindestens 12 Joer hunn. Et fënnt eng “Evaluation continue” statt.

40409_trainingpartner-CTA_700px

Erwuessener

Kannernoutfäll

Am Kannernoutfall- Cours geet et besonnesch em d’Kanner. Fir Schoulen a Maison Relais bidde mir eng 4 Stonne-Formatioun un.

image5-1.jpeg

Kanner & Jugendlecher

1 Hëllef fir Schoulkanner

Kanner kënne ganz gutt hëllefen wann eppes geschitt ass. Et gëtt just eng Konditioun an déi ass dass een hinne seet wat si solle maachen.

40409_trainingpartner-CTA_700px

Formatioun fir all Alter méiglech

1 Hëllef extra fir dech

Du bass ee Sportsveräin, Schéissclub, Wanderclub, Dokteschpraxis oder soss iergend ee Grupp vu Leit déi wëlle wëssen wat si solle maachen wann eppes geschitt ass?

banner-pssm-1.jpg

Erwuessener an Jugendlecher

1 Hëllef fir psychesch Gesondheet

Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet ass den Equivalent zu de klasseschen Éischt-Hëllef-Coursë fir medezinesch Noutfäll.

banner-pssm.jpg

Erwuessener a Jugendlecher

Éischt Hëllef fir psychesch Gesondheet YOUTH

Gëeegent fir Erwuessener am professionellen a privaten Alldag fir Jugendlecher z’ënnerstëtzen.

Oft gestalten Froen

Natierlech. So just dengem Formateur Bescheed ier de Cours lassgeet!

Den offiziellen 1-Hëllef-Diplom ass 5 Joer gülteg

Ausser Loscht eppes ze léieren brauch een näischt mat ze bréngen. Eppes klénges fir ze schneeken an ze drénken ass natierlech net vu Muttwëll! 

Zum Onlineshop

Reportagen

Gewann Anblécker an den Oflaf vun mengen Couren.

IMG_0210.jpeg

1 Hëllef am C4 zu Iechternach - ee flotten Dossier vun der Classe Hermes / Tarantini

IMG_0204.jpeg

1 Hëllef-Trousse mat « Dono » vu Woltz, emgem Atelier d’Inclusion. Ee Grousse Merci geet un den Atelier Pesch vu Kaerjeng!

IMG_4880.jpeg

Cours fir d’Wonschkutsch a Special Olympics

d69271a3-0537-4aba-b97a-bc054cd12411.jpeg

1 Hëllef am LRSL

IMG_4191-1.jpeg

Kannernoutfäll an der Schoul Grevels

IMG_3989.jpeg

Verschidde Fotoen

IMG_3936-1.jpeg

1 Hëllef an der Zwergewiss zu Felen

IMG_3837.jpeg

1 Hëllef bei der LASEP

IMG_2999.jpeg

Merci fir de Merci

IMG_2978.jpeg

1 Hëllef bei der Jeeërfederatioun

IMG_2969.jpeg

1-Hëllef am C4

image8-1.jpeg

Fotoen aus Formatiounen

image4-1.jpeg

Eischt Hëllef - Übungen

IMG_1577.jpeg

Kanner léieren 1 Hëllef

IMG_2652.jpeg

Cours an der Zänndokter- Praxis

Iwwert ären Formateur

30+

30+ Joer Berufserfahrung

Papp

Papp fun 4 Kanner

Fondateur

Fondateur fun der Wonschkutsch Asbl

1992 ass d’Aventure lass gaangen. Ech sinn zu Lëntgen an d’Pompjeeën gaangen. Nom 1 Hëllef Cours (deen ech beim beschten Instrukter, dem Norbert Horper gemaach hunn) sinn ech iwwer 5000 Asätz op der Ambulanz gefuer. Ech hat d’Chance och als 3 Mann um SAMU Esch mat ze fueren an ech hunn och däerfen um Rettungshelikopter matfléien. Vill Asätz sinn ech och als Member vun dem lëtzebuerger Roude Kräiz bei de Beruffspompjeeën um “klénge Won” gefuer.  Wärend 15 Joer war ech Disponent op der Noutruffzentral dem 112. Ech hale säit 1996 1 Hëllef-Couren  a sinn elo säit 7 Joer  beruffleche Formateur an 1 Hëllef. Ech hunn Erfarung an der Ausbildung vun Erwuessenen, Jugendlechen, Kanner an och mat Mënschen mat enger Behënnerung. Ech si bestuet, hu 4 Kanner a sinn 1te Schäffen vun der Gemeng Lëntgen. Des Weideren sinn ech Präsident vun der Wonschkutsch asbl. Merci dass du meng Säit besichs!

 Waart net bis et ze spéit ass!

Reagéier elo, buch een Éischt Hëllef Kurs fir dech an däin Ëmfeld.

All rights reserved to Jeff Herr  © website developed by MTC SA.

Wëllkomm op mengem neien Site!

Wéi kann ech dir weiderhëllefen?